Den Herodot vun Halikarnassos, gebuer géint 485, a gestuerwe géint 425, war e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.
Chr.">485, a gestuerwe géint 425, war e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.
Herodot | |
---|---|
Gebuer | 484v. Chr. Halikarnassos |
Gestuerwen | 425v. Chr. Thurioi |
Nationalitéit | Halikarnassos |
Aktivitéit | Historiker, Politiker, Schrëftsteller, Geograph |
Den Herodot (gr.:Herodotos, lat.: Herodotus) ass zu Halikarnassos (haitegt Bodrum/Tierkei) a Klengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, a Persien, Egypten, Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschen Thourioi verbruecht, enger griichescher Kolonie.
Ënner dem Titel Historiai huet den Herodot e Wierk verëffentlecht, dat sech ëm d'Perserkricher am 5. Joerhonnert v. Chr. dréit. Ënner sengen Historiai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeem et ufanks nach ëm déi besot Perserkricher geet, schwäift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart vir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De "Papp vun der Geschichtsschreiwung" ass allerdéngs net bei jiddwerengem beléift, well en dacks Mythe mat der Wourecht vermëscht. De komplette Contraire ass de faktenorientéierten Thukydides.
Commons: Herodotus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Herodot, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.