D'Corazón (Cory) Aquino, gebuer María Corazón Cojuangco de 25.
Januar 1933 zu Paniqui (Provënz Tarlac) a gestuerwen den 1. August 2009 zu Makati City, war eng philippinnesch Politikerin. Si war tëscht 1986 an 1992 den 11. President vun de Philippinnen.
Corazón Aquino | |
---|---|
Gebuer | 25. Januar 1933 |
Gestuerwen | 1. August 2009 |
Doudesursaach | Déckdaarmkriibs |
Nationalitéit | Philippinnen |
Aktivitéit | Politiker, Mënscherechtler |
Famill | |
Kanner | Benigno Aquino III. |
Politesch aktiv gouf d'Corazón Aquino, nodeem hire Mann, de Politiker a Géigner vum Ferdinand Marcos senger Diktatur, Benigno Aquino, Jr. 1983 ermuert gi war, wéi en aus der Verbannung hannescht op d'Philippinne koum. Si war d'Spëtzekandidatin vun der Oppositioun bei de Presidentschaftsswale vun 1986 a gouf nom Opstand géint de Marcos wéinst Walfäschung, deen huet misse fortlafen, (als éischt Fra an deem Amt) Presidentin vun de Philippinnen.
Hiren Nofollger war de Fidel Ramos. 2010 gouf hire Jong, de Benigno Aquino III., sengersäits zum President vun de Philippinnen gewielt.
Commons: Corazón Aquino – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Corazón Aquino, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.