E Verb, vum Laténgesche verbum - Wuert, ass e Wuert, dat an der Syntax eng Handlung (bréngen, liesen, goen, lafen, léieren, …), e Geschéien (geschéien, ginn, …), oder en Zoustand (sinn, existéieren, stoen, …) bezeechent.
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et gëtt gewéinlech an der Infinitivform als Grondform ernimmt.
A ville Sprooche gi Verbe flektéiert (d. h. se änneren hir Form), fir de Sujet oder fir en Aspekt auszedrécken. Weiderhi kënne se de Genus oder d'Zuel vum Sujet oder Objet erëmginn. Verben hunn Zäiten: De Present (oder Presenz), deen ausdréckt, datt eng Aktioun am Gaang ass ausgefouert ze ginn, d'Vergaangenheet, fir unzeginn, datt d'Handlung eriwwer ass, an de Futur (Zukunft) fir unzeginn, datt se geschéie wäert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Verb, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.