Sowjetunioun: Staat an Osteuropa, an an Nordasien

D'Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken (kuerz UdSSR oder Sowjetunioun, respektiv op Russesch Союз Советских Социалистических Республик, kuerz СССР) war e Staat an Osteuropa, an an Nordasien, dee vum 30. Dezember 1922 bis zum 8. Dezember 1991 bestanen huet.

Сою́з Сове́тских Социалисти́ческих Респу́блик
Sojus Sowjetskich Sozialistitscheskich Respublik
Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken

Sowjetesche Fändel

Sowjetesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Пролета́рии всех стран, соединя́йтесь!
Proletarii wsech stran, sojedinjajtes!
Proletarier vun alle Länner, vereenegt iech!
Sowjetunioun: Staat an Osteuropa, an an Nordasien
Offiziell Sprooch: Russesch
Haaptstad: Moskau
Staatsform: Sozialistesch Räterepublik
Fläch: 22.402.223 km² (1.)
Bevëlkerung: 290.100.023 (1991)
 • Bevëlkerungsdicht: 13 Awunner/km²
Nationalhymn: Hymn vun der Sowjetunioun
Wärung: Rubel (RUB)
Internet TLD: .su

D'Sowjetunioun huet aus 15 verschiddenen, theoreetesch gläichberechtegte Republike bestanen. An der Praxis war awer d'Russesch Federatioun, déi 1990 78% vun der ganzer Fläch duergestallt huet, staark predominant. Déi Federatioun war wärend der Oktoberrevolutioun vum 7. November 1917 aus dem Kär vum Zareräich ervirgaangen, a sollt no der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 den haitege Staat Russland bilden.

D'Sowjetunion war de geographesch gréisste Staat an der Geschicht vun der Mënschheet.

Déi 15 eenzel Republike waren:

  1. Armenien
  2. Aserbaidjan
  3. Wäissrussland
  4. Estland
  5. Georgien
  6. Kasachstan
  7. Kirgisistan
  8. Lettland
  9. Litauen
  10. Moldawien
  11. Russland
  12. Tadjikistan
  13. Turkmenistan
  14. Ukrain
  15. Usbekistan

Geographie

Mat 22,4 Millioune Quadratkilometer huet den Territoire vun der Sowjetunioun ee Sechstel vun der Äerduewerfläch, déi iwwer dem Waasser läit, bedeckt, a war domat dat gréisst Land vun der Welt.

Vum Baltesche Mier bis bei de Pazifik sinn et 10.000 Kilometer, a vum arkteschen Ozean bis un d'afghanesch Grenz sinn et 5.000 Kilometer. Westlech vum Ural läit dat osteuropäescht Déifland. Ëstlech vum Ural erstrecke sech fir d'éischt dat Westsibirescht Déifland an déi kasachesch Stepp, da kënnt dat Ostsibirescht Héichland. Am Süde sinn eng ganz Rëtsch vu Biergmassiver: de Kaukasus, de Pamir mam Pik Kommunismus (den héchste Bierg vun der Sowjetunioun), den Tian Shan, den Altai, d'Werchojansker Biergketten, d'Tscherskibierger an als lescht d'Vulkanketten op der Hallefinsel Kamtschatka. Am grousse Ganze besteet déi sowjetesch Geographie haaptsächlech aus Plainen a Plateauen.

Sowjetunioun: Staat an Osteuropa, an an Nordasien 
Déi 15 sowjetesch Republiken

Um Spaweck

Commons: Sowjetunioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Marie MullerGemeng KäerjengFlächEuropean Space AgencyEldoradioAntiquitéitDwight D. Eisenhower2021Mandy Graff1838Beggen7. JuniISBNÉisträichJean SchortgenLou KosterHannes AlfvénDeutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum PerlAlexander Sergejewitsch PuschkinMartine HansenEgypten3. OktoberEuropäesche Weltraumfuerschungs- an TechnologiezentrumAgnès Varda1948NGC 21DüngerSchëld E, 23bWilleke van AmmelrooyHannoverJang-de-Blannen-Gedenkplack am Stater ParkÄerdmound26. Februar2006GalaxieCharlotte GainsbourgJapan19. Joerhonnert16. Abrëll1160.twTony RollmanChamberGNU Free Documentation LicenseTali GolergantKuelendioxidWilhelm II. vun Däitschland1728Monica SemedoStater TramLa rivolta degli schiaviGenfNupediaTroublemakerAlgriichesch25. OktoberLëscht vu lëtzebuergesche SportlerNorbert CampagnaMarshallplangMënzCharles BernhoeftGoldstandardLycée Nic-BieverVullenAtmosphär🡆 More